Zënter 1949 huet d' “Mutualité des PME“ sech als e wichtege Partner fir d'Entwécklung an d'Ënnerstëtzung vun de klenge a mëttelstännege Betriber (PME’en) zu Lëtzebuerg etabléiert. Eis Missioun ass et, déi PME’en bei hirem Wuesstem an hiren Investitiounsprojet‘en ze begleeden an finanziell Servicer unzebidden, déi un hir spezifesch Bedierfnesser ugepasst sinn.
Am Kader vun eiser kontinuéierlecher Entwécklung sinn mir op der Sich no engem PME Beroder fir eist dynamescht Team ze verstärken. Wann Dir eng Passioun fir den finanziellen Secteur hudd an eng wichteg Roll beim Finanzéieren vun Handwierkeren an PME'en spille wëllt, dann ass genau dëst d‘Geleeënheet fir Iech.
Är Missiounen : Als Beroder sidd Dir fir folgend Aufgaben verantwortlech:
• Handwierker an Schlësselakteuren vun PME'en begéinen, fir hir Finanzéierungs- an Garantiebedürfnisser ze identifizéieren.
• Eng qualitativ an quantitativ Analyse vun den Ufro‘en maachen, fir den Niveau vum Risiko mat den spezifeschen Bedierfnesser ze bewäerten.
• D'Analyse vun den Dossier’en virbereedeh, déi dem Comité zwecks Décisioun virgeluegt gin.
• D'Dossieren am Finanzéierungs- an Garantieverwaltungsssystem traitéieren.
• Den Suivi vun den Clientsdossier’en qualitativ an quantitativ begleeden, dëst mat engem qualitativ gudden Service an enger proaktiver Gestioun vum Risiko.
Erfuerderlech Kompetenzen
- Bachelor- oder Universitéitsdiplom an Ekonomie, Finanzen, Management oder engem ähnleche Beräich.
- Dräisproochegkeet: Beherrschung vum Lëtzebuergëschem, Däitschem an Fränséischem (geschriwwen an geschwaat).
-
Eng éischt Erfahrung vun 3 Joer an der Kreditanalyse ass een groussen Virdeel.
Wënschenswäert:
-
Exzellent Analysefähegkeeten, Detailbewosstsinn an Rigueur bei der Aarbecht.
- Fähegkeet fir autonom an am Team ze schaffen.
- Gutt Kompetenzen am Beräich Kommunikatioun an am Ëmgang mat den Client‘en.
Wann Dir hëllefe wëllt d'Entwécklung vun den Handwierkeren an den PME'en ze stäerken, mat Asetzen vun ären Analyse- an Kreditmanagementfähegkeeten, zéckt net fir Iech elo ze mellen!
Ce que nous offrons :
Forfait salarial
Un package salarial compétitif et des avantages attractifs.
Stimulant environnemental
Un environnement de travail stimulant au sein d'une équipe professionnelle et engagée.
Développement et formation
Des opportunités de développement et de formation continue.
