Spezialiséierung op PME’en an Handwierker
Kommt bei e feste Partner vun de lëtzebuerger Entreprisen
Zënter ville Joren ënnerstëtzt d'Fiduciaire des PME kleng a mëttelgrouss Betriber (PME’en), Handwierker an Selbststänneger am Alldag an an hirer Entwécklung. Fir eist Team ze verstäerken, sichen mir eng(e) Steierberoder(in), deen/dei Loscht huet aktiv bei eiser Missioun matzeschaffen: eng berodend, no a praktesch Begleedung fir lokal Entreprisen ze bidden.
Är Aufgaben
Als Deel vun engem klenge motivéierten Team sidd Dir responsabel fir d’Steierberodung vu Privatpersounen, déi aktiv am lëtzebuerger wirtschaftleche Liewe sinn:
- Opstelle vun Akommessteiererklärungen fir Selbststänneger, Handwierker, PME-Direkteren, Verwaltungsréitsmemberen a Salariéeën.
- Virschloë fir steierlech Optimiséierung, ugepasst un déi eenzel Situatioun vum Client.
- Steierlech Analysen a Simulatiounen jee no zoutrëffende Regime.
- Matwierken u Formatiounen, intern oder fir Clienten.
Äre Profil
- Ofgeschloss Studium op mannst Bac+3 am Beräich Comptabilitéit, Recht oder eng gläichwäerteg Formatioun.
- Mindestens 3 Joer Erfarung am Beräich Steiere fir Privatpersounen, idealerweis an enger Fiduciaire oder engem Steierberodungscabinet (BIG 4 oder aner).
- Freed un der Begleedung vu klengen a mëttelgrousse Betriber an Handwierksclienten.
- Selbstännegkeet, Gewëssenhaftigkeit a Sënn fir Organisatioun, gepaart mat Teamgeescht a Kommunikatiounsstäerkt.
- Lëtzebuergesch a Franséisch mussen op héijem Niveau beherrscht ginn; Däitsch ass e Pluspunkt.
Firwat bei d’Fiduciaire des PME kommen?
- Fir an engem menschlechen, stabillen a kollegialen Ëmfeld ze schaffen.
- Fir flexibel Aarbechtszäiten an d’Méiglechkeet vun Teletravail ze hunn.
- Fir vun engem perséinleche Formatiounsplang ze profitéieren
- Fir e komplett a kompetitiv Lounpak ze kréien.
- An virun allem: fir e konkrete Bäitrag zur lokaler Wirtschaft a lëtzebuerger PME-Struktur ze leeschten.
Package salariale
Un salaire adapté à vos compétences et à votre expérience.
Des avantages extra-légaux (tickets restaurant, 13e mois, ..)
Evolution
Une organisation permettant des perspectives d'évolution. Des formations adaptés en continu.
Accessibilité
Proximité des transports en commun (Gare, Bus, Tram)